VERBANDSCONSEILLER (m/w)
Fédération des Artisans
Luxembourg
il y a 8j
source : Job Finder Lu

Daachverband vum lëtzebuerger Handwierk mat iwwer 3.000 Memberen sicht een

VERBANDSCONSEILLER (m / w)

fir d’Organisatioun vum Handwierk weider ze stäerken.

Wéi gesäit Äre breetgefächerte Funktiounsberäich aus?

  • Dir sidd de privilegéierten Kontaktpunkt tëscht dem Handwierksbetrib a sénger Organisatioun;
  • Dir stitt dem Handwierker all Dag duerch Är juristesch an technesch Berodung zur Säit;
  • Dir gitt verantwortlech fir d Gestioun vun enger Rei Handwierksverbänn;
  • Hei këmmert Dir Iech em den administrativen Deel vun der Verbandsaarbecht an hëlleft mat Ziler, Virgoensweisen a Strategien ze definéieren;
  • Dir schafft Iech an spezialiséiert a verschidden Dossieren an déi d’Handwierk interesséieren;
  • No enger éischter Phas wou Der gewëssermoossen ugeléiert gitt schafft Dir zimlech selbstänneg an autonom an deene Beräicher déi Iech zougewisen goufen.
  • Wat fir Konditiounen musst Dir erfëllen?

  • Dir sidd Titulaire vun engem Héichschouldiplom, eis Preferenzen leien bei Economie, Droit oder Politik ouni awer aner Optiounen auszeschléissen;
  • Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch;
  • Weider Sproochekenntnisser si bestëmmt keen Nodeel;
  • Dir hutt Intressi fir politesch, sozial an ekonomesch Dossieren;
  • Dir verspiert an Iech selwer eng gesond Portioun Entrepreneursgeescht;
  • Dir hutt Liichtegkeet am Ëmgang mat de Leit (a besonnesch mat Leit déi selwer och eng staark Meenung hunn);
  • Idealerweis hutt Der scho bëssen Ahnung am Aarbechts- a Sozialrecht oder an esou Beräicher wéi Ëmwelt, Nohaltegkeet, Formatioun,...;
  • Motivatioun, Organisatioun, Verantwortungsgefill, Selbstännegkeet an Teamgeescht mussen net extra präziséiert ginn, gehéieren awer zum Pak.
  • A wat bidde mir?

  • Keng Plaz, mee eng Schaff, am Kontakt mam Handwierk a senge Betriber, dat Ganzt an engem flexibele Kader wou Dir an Är Intressen och net ze kuerz kommen;
  • D’Satisfaktioun déi ee verspiert, wann een engem Betrib a senge Mataarbechter konnt hëllefen;
  • Dir hutt de Fanger um Bols vun der sozio-ekonomescher Aktivitéit zu Lëtzebuerg an an Europa;
  • Dat Alles mat engem gudden Aarbechtsklima an enger motivéierter an begeeschterter Equipe;
  • Eng Pai a Relatioun mat deem wat Dir leescht a wéi Der virukommt an déi d’Konkurrenz net onbedéngt ze fäerten brauch;
  • All Dag nei Projeten an Initiativen déi nëmmen op Iech waarden fir konkretiséiert ze ginn;
  • Grouss Autonomie an Ärer deeglecher Aarbecht.
  • Step 2
    Postuler
    Ajouter aux favoris
    Retirer des favoris
    Postuler
    Mon email
    En cliquant sur « Continuer », je consens au traitement de mes données et à recevoir des alertes email, tel que détaillé dans la Politique de confidentialité de neuvoo. Je peux retirer mon consentement ou me désinscrire à tout moment.
    Continuer
    Formulaire de candidature