Serveur (m / f / d) - onbefristeten Aarbechtskontrakt (CDI) 30 Stonnen / Woch
Är Aufgaben :
Dir suergt fir e gudden Oflaf an eng gutt Organisatioun vum Service,
Dir suergt dofir, datt d Bewunner, déi am Restaurant sinn, mat Zefriddenheet a Frëndlechkeet servéiert ginn,
Dir baut eng Vertrauensrelatioun mat de Bewunner an hirer Famill op,
Dir sidd effizient an Ärer Zesummenaarbecht mat allen Servicer, am Interessi vun de Bedürfnisser vu de Bewunner.
Är Qualifikatioun :
Dir hutt eng Beruffserfarung vu mindestens 5 Joer,
Diskretioun a Frëndlechkeet, séchert Optrieden, Zouverlässegkeet, Flexibilitéit, selbstännegt Schaffen, Team- a Kooperatiounsfähegkeet sinn Är Stäerkten,
Dir sidd kontaktfreedeg am Ëmgang mat de Bewunner,
Dir kennt d HACCP-Regelen,
Dir beherrscht d lëtzebuerger Sprooch, an dir kennt Däitsch a Franséisch.
Notre offre
Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten, da schéckt eis w.e.g Är Demande mat Liewenslaf an enger rezenter Foto bis spéitstens den 30. Juni 2022 un eis.